Santana, Marvin Gaye, U2, 1.4.2011

Leschten Update: 31.03.2011, 10:31:57

Haut virun 26 Joer hunn U2 hiren alleréischte Concert am New Yorker Madison Square Garden gespillt. An d’Show war komplett ausverkaf. U2 hunn vrun allem Lidder aus hirem Album „Unforgettable-Fire“-Tour presentéiert. Dozou gehéiert och hiren éischten Chartserfolleg an England, d’Single „Pride (In The Name Of Love)“. U2 hunn sech dobäi vum Martin Luther King Jr. inspiréieren gelooss.

Haut virun 27 Joer gouf de Marvin Gaye vun sengem Papp erschoss.  Der Papp, een konservative Paschtouer, konnt sech net mat der emotionaler an dachs erotescher Musik vu sengem Fils offannen. Ëmmer nees sinn déi zwee unenee geroden. Den 1. Abrëll 1984 ass ee Sträit mat sengem Papp eskaléiert. Dës lescht Zesummentreffen ass déidlech fir de Soulstar ausgaangen, Den nächsten Dag wier de Marvin Gaye 45 Joer al ginn.

Haut virun 11 Joer waren Santana op Plaz 1 vun den engleschen Singlecharts mat „Maria Maria“. Et ass Song aus dem Album „Supernatural“. Et war deen éischten Hit fir Santana zanter de fréien 70er Joeren. De Concert den 29. Juni an der Rockhal ass ausverkaf