Roxette, De La Soul, Elvis vs. JXL - 16.6.11

Leschten Update: 16.06.2011, 12:17:38

3.Nummer 1 Hit an den USA haut virun 21 Joer fir Roxette – fir zwou Wochen op Plaatz 1 „it must have been love“, bekannt ginn duerch den Hollywoodblockbuster „Pretty Woman“.

Friddensconcert fir Tibet haut viru 15 Joer am Golden Gate Park zu San Francisco. Méi wéi 100.000 Spectateure sollte fir dee gréisste Benefizconcert an den USA no Live Aid 1985 suergen. Op der Bühn stoungen ë.a. d’Red Hot Chili Peppers, Rage against the Machine, Beastie Boys, d’Fugees, den John Lee Hooker, d’Smashing Pumpkins an De La Soul.

46 Joer no sengem 1.Hit hat den Elvis Presley haut viru 9 Joer seng 18.Spëtzepositioun an England – méi wéi all aneren Artist an der Charts-Geschicht. „A little less Conversation“, produzéiert vun JXL, sollt während 4 Wochen op Plaatz 1 stoen.