Anita Ward, The Police, Mike & the Mechanics - 17.06.11

Leschten Update: 16.06.2011, 14:55:05

One Hit Wonder fir d’Anita Ward –d’Gospelsängerin sollt mat “Ring my Bell” hiren eenzegen Hit hun. Den Discosong goung haut virun 32 Joer op Plaatz 1 an England.

Haut virun 28 Joer stoung den David Bowie an England op Plaatz 3 mat „China Girl“ – op der 2 stounge Wham! mat „Bad Boys“, an un der Spëtzt 1983 um 17.Juni waren The Police mat „Every Breath you take“.

De fréihere Mike & the Mechanics Sänger Paul Young wiër haut 64 Joer aal ginn. De Young, dee mam Grupp Sad Café säin Duerchbroch hat, ass de 15.Juli 2000 un enger Häerzattaque gestuerwen.