Prince's Trust Rock Gala, Mariah Carey, Jamiroquai - 20.6.11

Leschten Update: 20.06.2011, 12:26:39

Fir die 4.Kéier war haut viru 25 Joer zu London de “Prince’s Trust Rock Gala” – ee musikaleschen Owend fir dem Prince Charles seng Charity Fondatioun, déi sech em Jonker këmmert, z’ënnerstëtzen. Déi Kéier mat dobäi waren ë.a. den Elton John, d’Tina Turner, de Phil Collins an d’Dire Straits.

Haut viru 19 Joer hat d’Mariah Carey seng 6.Nummer 1 Single an den USA. „I’ll be there“ war aus sengem MTV Unplugged Album ausgekoppelt ginn – d’Lidd war 1970 schon e Spëtzenhit fir d’Jackson Five.

Haut virun 12 Joer goung « Synkronized », de 4.Studioalbum vun Jamiroquai, op Plaatz 1 an England. Drop ze fannen sin d’Hitsinglen « Canned Heat » an « Deeper Underground ». “Synkronized” gëllt als dee läschten Album mam Ur-Line-Up vun der Band, a mam Ur-Sound vun Jamiroquai.