George Michael, Axl Rose, John Lee Hooker - 21.06.11

Leschten Update: 20.06.2011, 12:55:53

Haut viru 17 Joer huet den George Michael säin joerelaange Rechtssträit mat senger Plackefirma Sony verluer. De Sänger war der Meenung, dass säin 15 Joer laange Kontrakt net fair wier. Réischt 1996 huet de Michael rem een Album rausbruecht – bei der Firma Virgin, déi hien fir vill Milliounen Dollar aus sengem Sony-Kontrakt rauskaaft hat. An obwuel den George sech geschwuer hat, nie méi fir Sony wëllen ze schaffen, huet en 2003 rem do ënnerschriwwen.

Haut virun 11 Joer huet ee gewëssent Karen McNeil behaapt, sie wier mam Axl Rose bestued, a géif telepathesch mam Guns n Roses Frontmann kommunizéieren. Die 39 Joer aal Stalkerin koum fir 1 Joer an de Prisong.

Am Schlof ass haut virun 10 Joer ee vun de gréissten a bekannteste Bluesmusiker gestuerwen – den John Lee Hooker sollt 83 Joer aal ginn.