Prince, The Edge , Coldplay - 22.06.11

Leschten Update: 21.06.2011, 14:19:56

Haut virun 11 Joer huet de Prince annoncéiert, dass hee seng verschidden aner Identitéiten aus de 90er Joere lo ofgeluecht hätt, a rem Prince genannt wéilt ginn. De Prince kënnt den 13.Juli fir e Concert an d’Escher Rockhal – Virverkafstickete krit dir iwwer eldo.lu

The Edge, Gitarrist bei U2, huet sech haut viru 9 Joer a Südfrankreich bestued. Kennegeléiert hat heen d’Morleigh Steinberg op der Zoo TV Tour, wou hatt Backgrounddänzerin war. Op d’Hochzäit invitéiert waren ë.a. de Bono, den Dave Stewart an de Lenny Kravitz.

„Viva la Vida“ vu Coldplay goung haut virun 3 Joer op Plaatz 1 an England. Et war die 1.Kéier, dass do eng net-physesch Single op der Spëtzepositioun stoung. „Viva la Vida“ gouf et just als Download, a d’Joer drop als Lidd vum Joer mat engem Grammy ausgezeechent.