Eric Clapton, Beyoncé Knowles - 24.06.11

Leschten Update: 21.06.2011, 14:26:11

Den Eric Clapton huet haut virun 12 Joer bei Christie’s zu New York 100 vu senge Gitarre verstéee gelooss. Eng 56er Fender Stratocaster, mat däer de Clapton d’Originalversioun vu „Layla“ agespillt hat, koum fir 497.500 Dollar ënnert den Hummer. 5 Joer méi spéit war eng weider Auktioun – do gouf eng schwarz Fender zur deierste Gitarr vun der Welt – des war engem Fan 959.500 Dollar wert – sämtlecht Geld war fir dem Clapton seng Drogenentzuchs-Klinik op Antigua.

 Haut virun 8 Joer huet d’Beyoncé Knowles säin 1.Solo-Album presentéiert. Mat dobäi op „Dangerously in Love“ si säi Mann Jay-Z, a Kollege wéi de Sean Paul an d’Missy Elliott. No enger Bandpaus bei Destiny’s Child war d’Beyoncé zwar dat läscht vun den 3 Sängerinnen, dat säin Soloprojet verwierkleche konnt, dofir awer dat erfollegräichsten. „Dangerously in Love“ sollt sech weltwäit méi wéi mol verkafen, a gouf mat 5 Grammyen ausgezeechent. D’Lidder „Naughty Girl“, „Me myself and I“, “Baby Boy” a „Crazy in Love“ goufen zu internationalen Hitten.