AC/DC, Whitney Houston, Black Eyed Peas - 27.6.2011

Leschten Update: 24.06.2011, 17:39:58

Haut virun engem Joer sinn rumänesch Douanier’en bestrooft ginn, well si der australescher Rockband AC/DC bei enger Kontroll onerlaabt Suen ewech geholl hunn. Déi 50 Camion’en vun der AC/CD-Tour waren un der ungarescher Grenz gestoppt ginn. D’Douanier’en soten, dass den Autobunns-Péage net bezuelt gi wier. So wollten dass AXC7DC 50 Euro pro Camion géing nobezuelen. Opgeflunn ass de Bedruch, well AC/DC keng Quittung dofir kritt hunn. D’Museker kruten hir Suen zréck an d’Douanier’en goufen entlooss. Trotzdem fueren AC7DC zënterhier léiwer mam Zuch.

Haut virun 24 Joer war d’Whitney Houston mat „I Wanna Dance With Somebody“ un der Spëtzt vun den amerikaneschen Singlecharts. Parallel dozou ass säin Album „Whitney“ vun 0 op Platz 1 an di amerikanesch Album-Charts era geklommen. 11 Wochen huet e sech do gehalen. No „I Wanna Dance With Somebody“ hunn 7 weider Singelen vum Whitney Houston och d‘ Platz 1erreecht – domat huet hatt souguer de Rekord vun de Beatles gebrach.

Haut virun 2 Joer waren d’Black Eyed Peas op Platz 1 vun den amerikaneschen Charts mat „The E.N.D.“ , der Band hire 5. Studioalbum . D’Leadsingle  “Boom Boom Pow” war 12 Wochen hannerteneen un der Spëtzt vun Billboard Hot 10. Déi 2. Single “I Gotta Feeling“ huet dëst Lidd dunn ofgeléist a war dun ganzer 14 Wochen op Platz 1. Insgesamt war d’Band deemno 26 Wochen hannerteneen un der Spëtzt.