
Méi wéi 25 Joer nodeems d’Lidd eng 1.Kéier an den Charts war, ass “Twist and shout” vun de Beatles haut viru 25 Joer rem an d’Billboard Charts rageklomm. Grond: et war am Hollywoodfilm “Ferris macht blau” ze héieren.
Nummer 1 Album an England haut virun 2 Joer fir d’Madonna. „Celebration“, säin 3. Best of Album, stoung a weideren 11 Länner un der Spëtzt vun den Hitparaden, a gouf am ganzen 13x mat Platin ausgezeechent.
Gebuertsdag hunn haut: de Marvin Lee Aday – besser bekannt als Meat Loaf - hee krit 64 Joer. 29.Gebuertsdag haut vum Lil Wayne, 27 Käerzen um Kuch huet de punkegen 3-Käsehoch aus Kanada, d’Avril Lavigne.