Beatles, Guns n' Roses, Madonna - 28.9.11

Leschten Update: 22.09.2011, 15:30:57

Haut virun 43 Joer goungen d’Beatles fir 9 Wochen op Plaatz 1 vun de Billboard Charts, mat “Hey Jude”. D’Lidd iwwert dem John Lennon säi Bouf Julian war hire 16.Tophit an Amerika, a sollt och die meeschtverkafte Single vum Joer ginn.

Haut virun 20 Joer sinn d’Guns n‘ Roses Alben „Use your Illusion” I an II rauskomm. An England si se direkt op Plaatz 1 an 2 vun den Charts erageklomm, an och an Amerika stounge se wéineg spéider un der Spëtzt vun de Billboard Charts.

Haut viru 9 Joer ass d’Madonna, an enger Emfro vu VH1, zur bäschter Sängerin vun allen Zäite gewielt ginn. Kritiker a Musikfans waren awer net zefridde mat Plaatz 2 fir d’Kylie Minogue. Een Diana Ross war z.B. op P12 gewiëlt ginn.