Jerry Lee Lewis, Bruce Springsteen, 50 vs Kanye - 29.9.11

Leschten Update: 23.09.2011, 16:08:40

Den Jerry Lee Lewis gëtt haut 76 Joer aal. Viru 35 Joer hat d’Rock n Roll Legend op senger Gebuertsdagsparty ongewollt dem Bassist vu senger Band an d’Broscht geschoss, wéi ën aus Spaass duerch eng Bürosdier geballert hat. D’Affer sollt iwwerliewen, huet de Lewis duerno awer verklot.

De Bruce Springsteen war haut virun 22 Joer am Weste vun Amerika mam Motorrad ënnerwee. An engem klenge Kaff am Arizona huet de Rocker an engem Saloon Paus gemaach. Do hat de Boss spontan mat der Hausband gejammed, an duerno enger Serveuse 100.000 Dollar gi fir eng Spidolsrechnung ze bezuelen.

Charts-Duell haut viru 4 Joer tëscht dem 50 Cent an dem Kanye West. Um selwëschten Dag sinn hir nei Albe rauskomm. De 50 Cent sot, wann heen an der 1.Woch manner Exemplaire wéi säi Konkurrent géif verkafen, géif heen ophale mat der Musek. Den Duell goung 957.000 zu 691.000 fir de Kanye West aus.