Travolta/Newton-John, Simply Red, J.Timberlake - 30.9.11

Leschten Update: 26.09.2011, 16:10:27

Den John Travolta an d’Olivia Newton-John haten haut virun 33 Joer an England hiren 2.Nummer 1 Hit aus dem Film “Grease”. “Summer Nights” sollt fir 7 Wochen op Plaatz 1 stoen – awer die zweetbäschtverkafte Single vum Joer hanner “Saturday Night Fever“.

Simply Red haten haut viru 16 Joer hir éischte Spëtzeplatzéierung an England. „Fairground“ sollt fir 4 Wochen op Plaatz 1 goen,  a war hire 15.UK Top40 Hit.

Haut viru 5 Joer goung den Justin Timberlake fir zwou Wochen op Plaatz 1 vun de Billboard Charts, mat “FutureSex/LoveSounds”. Heen hat domatt och e Rekord opgestallt: den Album hat die meeschte Virbestellungen ever op iTunes.