
Den MC Hammer huet haut virun 20 Joer 50.000 Dollar Finderlohn offréiert un déi Persoun, déi dem Michael Jackson seng berühmte wäiss Hänsch géif zréckbréngen, déi am Motown Museum geklaut gi war.
D’Sinhead O’Connor ass haut virun 19 Joer an der bekannter amerikanescher Telé Show “Saturday Night Live” opgetrueden. Um Enn vun hirem Lidd huet die iresch Sängerin aus dem Näischt eraus ee Bild vum Popst zerrappt, fir géint Kannermëssbrauch ze protestéieren. De Sender NBC, dee näischt vun der Aktioun wousst, war zu 2.5 Milliounen Dollar Strof verurteelt ginn.
42 Joer aal gëtt haut d’Frontfra vu No Doubt, d’Gwen Stefani - t'ass och de 36.Gebuertsdag vun der amerikanescher R&B a Soulsängerin India Arie, a 27 Joer krit haut dem Jessica seng kleng Schwëster, d’Ashlee Simpson.