
Haut virun 42 Joer waren d’Beatles op Plaatz 1 an England, mat “Abbey Road”. Op hirem läschte Studioalbum si Klassiker wéi “Something”, “Here comes the Sun” a “Come together” drop. Um Cover vum Album ass die berühmte Foto, wou d’Beatles iwwert den Zebrasträif virum Tounstudio ginn.
Nummer 1 Song an Amerika haut virun 31 Joer fir Queen – „another one bites the dust“ stoung op Plaatz 1 vun de Billboard Charts.
D’Rolling Stones hunn haut viru 4 Joer de U2-Weltrekord gebrach vun der erfollegräichster Tour. Während gudd 2 Joer ware sie mat hirer „A bigger Bang Tour“ ënnerwee, hunn op 113 Concerte viru gudd 3.5 Millioune Leit gespillt a 437 Milliounen Dollar verdéngt. Entretemps ass de Rekord awer nees an den Hänn vu U2.