Deep Blue Something, Beyoncé, Birthdays - 5.10.11

Leschten Update: 28.09.2011, 16:03:14

Deep Blue Something stoungen haut viru 15 Joer an England op Plaatz 1 mat “Breakfast at Tiffany’s”- de One Hit Wonder hat de selweschten Titel wéi de 1960er Filmklassiker mam Audrey Hepburn.

Grousse Succès haut virun 8 Joer fir d’Beyoncé Knowles – die fréier Destiny’s Child Sängerin goung zesumme mam Sean Paul fir ganzer 9 Wochen op Plaatz 1 vun de Billboard Charts mat “Baby Boy”.

De Sänger a Gitarrist Steve Miller gëtt haut 68 Joer aal – dank enger Jeansreklamm stoung „The Joker“ no 1974 16 Joer méi spéit nachëmol un der Spëtzt vun den Charts.

64 Joer krit haut de Brian Johnson – nom Bon Scott sengem Dout 1980 war den Johnson Sänger bei AC/DC ginn.

An den iresche Sänger, Songwriter, politeschen Aktivist a Frontmann vun de Boomtown Rats Bob Geldof gëtt 57 Joer aal. Happy Birthday deenen 3!