
Maxi Priest stoungen haut virun 21 Joer op Plaatz 1 vun den amerikanesche Single Charts, mat “Close to you”. An England war ‘Lidd gudd fir Plaatz 7.
Eng Emfro vun der Musiksindustrie ass haut virun 13 Joer erauskomm. Die 5 gréisste Stare vun de läschten 30 Joer waren deemno de Marvin Gaye, den James Brown, de Bob Marley, d’Beatles, an op der 1 den David Bowie.
Haut viru 4 Joer gouf via Internetemfro de bäschte britesche Musiksvideo gesicht. 30% vun de Befroten, an domatt die meescht, ware fir ee 6 Minutte laange Video vu 1975 – Bohemian Rhapsody vu Queen. De Video war deemols a manner wéi 3 Stonne gedréihnt ginn, an hat just 3500 Pond kascht.