Grease, Jagged Little Pill, Birthdays - 7.10.11

Leschten Update: 29.09.2011, 16:10:00

Den John Travolta an d’Olivia Newton John hunn am Danzfilm “Grease” d’Haaptrolle gespillt. De Soundtrack zum Film goung haut virun 33 Joer an England fir 13 Wochen op Plaatz 1 vun den Albumcharts.

Dem Alanis Morissette säin 3.Album goung haut viru 16 Joer op Plaatz 1 an Amerika. „Jagged Little Pill“ sollt mat méi wéi 30 Milliounen Exemplairen zum meeschtverkaaften Album vun enger Fra ginn.

Zu de Gebuertsdeeg – 43 Joer aal gëtt haut de Radiohead Frontmann Thom Yorke, d’Soulsängerin Tony Braxton feiert hir 44 Joer, an die fréiher Mis-Teeq Sängerin Alesha Dixon gëtt 33 Joer aal - happy Birthday!