REM, Christina Aguilera, Sting - 10.10.11

Leschten Update: 04.10.2011, 12:47:02

Haut viru 19 Joer haten REM hiren 2.Nummer 1 Album an England – “Automatic for the People” gouf weltwäit 29x mat Platin ausgezeechent. Drop sinn Hits wéi “Everybody hurts”, “Man on the Moon” a “Nightswimming”.

D’Christina Aguilera hat haut virun 22 Joer seng 1.Nummer 1 an England – “Genie in a Bottle” war och an Amerika während 5 Wochen un der Spëtzt, a war mat engem Grammy ausgezeechent ginn.

De “Blender” Musikmagazin huet haut viru 4 Joer eng Lëscht vun de schlechteste Lidder-Schreiwer presentéiert. Op der 3 stoung de Noel Gallagher vun Oasis, Plaatz 2 war fir de Creed Frontmann Scott Stapp, an déi schlechteste Lyrics schreiwt laut däer Lëscht de Sting.