
Nummer 1 Album an Amerika haut viru 25 Joer fir Huey Lewis & The News. Op hirem 4.Studioalbum “Fore!” waren Hits wéi “Stuck with you” an “Hip to be square”. Just op däer europäescher an der japanescher Versioun vum Album war de “Back to the Future” Hit “The Power of Love” drop.
D’Madonna huet haut viru 5 Joer zouginn, dass hatt an engem laange Bréif “ABBA” gebiëden hat, ee Sample aus hirem Lidd „Gimme gimme gimme“ a seng nei Single „Hung up“ abauen ze dierfen. No de Fugees war et beim Madonna réischt die 2.Kéier, dass d’Schwede „jo“ gesot haten.
Haut virun 3 Joer war d’Adele zu Gaascht an der amerikanescher Telé Show „Saturday Night Live“, an huet 2 Lidder live gesong. 17 Millioune Leit wollten d‘Show gesinn wéinst him gesinn – souvill wéi zanter 14 Joer net méi. Den Dag drop stoung d’Adele op Plaatz 1 an den iTunes Charts, a säin Debutalbum goung em 35 Plaatzen op d’11 erop an den Charts.