Madonna, Freddie Mercury, George Michael - 11.10.10

Leschten Update: 19.10.2011, 16:07:07

Mat “True Blue” hat d’Madonna haut viru 25 Joer säin 3.Nummer 1 Hit an England. Säin deemolege Mann Sean Penn huet deen Ausdrock zimlech oft benotzt, an dowéinst hat hatt de gläichnamegen Album him zu éiere sou benannt.

Dem Freddie Mercury säin 1974er Rolls Royce ass haut viru 6 Joer op eBay ugebuede ginn – vu senger eegener Famill! Mat enthaal war e Pack Nueschnappecher, déi de Queen-Frontmann ëmmer am Auto dobäi hat.

Den George Michael ass haut virun 1 Joer aus dem Prisong entlooss ginn. De fréihere Wham-Sänger hat 4 vun 8 Wochen ofgesiess, nodeems heen d’Joer virdrun ënner Drogenafloss een Accident gebaut hat.