
Fir die 7.Kéier stoungen d’Rolling Stones haut virun 38 Joer un der Spëtzt vun de Billboard Charts – „Angie“ war an den USA Nummer 1, an England just op Plaatz 7.
Haut viru 27 Joer si Wham! fir 3 Wochen op Plaatz 1 gaang an England, mat „Freedom“. Hiren 2.Nummer 1 Hit war a liicht verännerter Versioun an enger japanescher Kassette-Reklamm ze héieren.
58 Joer krit haut de Sänger a Gitarrist Tom Petty, 40 Joer aal gëtt dem Kylie seng kleng Schwëster Dannii Minogue, an och 40 Joer krit de Calvin Broadus, alias Snoop Dogg - happy Birthday!