
Haut virun 18 Joer huet de Rolling-Stone-Magazin dem Peter Gabriel säi Video zu „Sledgehammer“ zum beschte Museksvideo vun der Popgeschicht gewielt. An dat, obwuel d’Lidd dee Moment scho 7 Joer al war. Deemols war de Video zu „Sledgehammer“ mat 9 MTV-Video-Music-Awards ausgezeechent ginn, sou vill wéi bis dohin fir nach keen aneren Videoclip.
Haut virun 15 Joer waren Die Toten Hosen mat „Zehn kleine Jägermeister“ op Plaz 1 vun den däitschen Charts. De Sänger Campino hat d‘Texter an der Benediktinerabtei Meschede am Sauerland geschriwwen. Do ass den Album „Opium fürs Volk“ entstanen. E gouf e groussen Erfolleg: e puer Wochen konnt den Album sech un der Spëtzt vun den däitschen Albumcharts halen. Mat „Zehn kleine Jägermeister“ ass den Toten Hosen de 14. Oktober 1996 dunn souguer deen éischten Nummer-1-Hit an hirer Carrière gelongen.
Den Usher huet haut Gebuertsdag. Hien kritt 33 Joer. Den Usher hat 1998 mat “You Make Me Wanna” een éischte groussen Hit. Säin Album “Confessions” huet sech an den USA an der éischter Verkafswoch iwwer eng Millioun mol verkaf. Dat war dee beschten Verkaf an enger eenzeger Woch fir een R’n‘B Kënschtler.