
Jive Bunny & the Mastermixers haten haut virun 22 Joer mat “That’s what I like” hir 2. Nummer 1 an England. Grad sou wéi bei hirem 1.Tophit “Swing the Mood” waren och hei rem Rock n Roll Klassiker wéi „Let’s twist again“ a „Great Balls of Fire“ zesummegemixt ginn.
Evanescence stoungen haut viru 5 Joer op Plaatz 1 an Amerika mat hirem 2.Album “The Open Door”. Et war die 700. Nummer 1 an de Billboard Charts, déi et zanter 1956 ginn. Erfollegräichste Lidd vum Album war „Call me when you’re sober“.
De Kid Rock a 5 Leit vu sengem Entourage sinn haut viru 4 Joer vun der amerikanescher Police verhaft gi, nodeems se an engem Restaurant an eng Kläpperei verwéckelt waren. Fir 1000 Dollar Kautioun koum de Kid Rock nees fräi. Gläichzäiteg stoung e mat sengem 11.Album „Rock n Roll Jesus“ op Plaatz 1 vun de Billboard Charts.