
De Michael Jackson goung haut viru 24 Joer fir 2 Wochen op Plaatz 1 an Amerika, mat “Bad”, dem Tittelsong vu sengem 7.Studioalbum. De Musikvideo, deen a senger ganzer Faassung en 18 Minutte Kuerzfilm ass, war ënnert der Regie vum Martin Scorcese gedréihnt ginn.
De Forbes Magazine huet haut viru 5 Joer annoncéiert, dass de Kurt Cobain fir die 1.Kéier den beschtverdéngstenden doudege Star war. De Cobain hat 2006 50 Milliounen Dollar verdéngt, 8 méi wéi den Elvis Presley, dee bis dohin ëmmer de Spëtzereider war. Op Plaatz 3 koum den Ex-Beatle John Lennon mat 35 Milliounen Dollar.
De Michael Bublé stoung haut virun 2 Joer un der Spëtzt vun de Billboard Charts, mat sengem 4.Studioalbum „Crzay Love“. Wéini méi spéit war den Album mat engem Grammy ausgezeechent ginn.