Bon Jovi, Cyndi Lauper, Spice Girls - 25.10.11

Leschten Update: 20.10.2011, 16:17:19

Haut viru 25 Joer stounge Bon Jovi op Plaatz 1 vun de Billboard Charts, mat “Slippery when wet”. Hiren 3.Album huet sech weltwäit méi wéi 28 Millioune mol verkaaft, an ass ee vun de wéinege mat Diamant-Status. Um Album sinn d’Bon Jovi Klassiker „You give love a bas name“, “livin’ on a prayer” a „Wanted dead or alive“.

Haut viru 25 Joer stounge fir die 1.Kéier an der Geschicht vun de Billboard Charts 3 Fraen op den 3 éischte Plaatzen. Op der 3 war et d’Janet Jackson mat „when I think of you“, op der 2 d’Tina Turner mat „typical Male“, an „True Colors“ vum Cyndi Lauper stoung un der Spëtzt.

D’Spice Girls waren haut viru 14 Joer op Plaatz 1 an England, mat “Spice up your Life”. Domatt hate sie e neie Rekord opgestallt – die 5 éischt Singlen alleguer op Plaatz 1, dat war virdru nach kengem aanere gelongen.