
D’Whitney Houston hat haut viru 26 Joer die 1. vun 7 Nummer 1 Singlen hannertëneen an Amerika. „Saving all my Love for you“ war d’Joer drop mat engem Grammy ausgezeechent ginn, a war quasi de Startschoss fir dem Whitney seng eenzegarteg Karriär.
Apple huet haut viru 7 Joer eng speziell U2 Editioun vum iPod rausbruecht. Em die 5000 U2 Lidder waren drop, an d’Ënnerschrëfte vun de Bandmembere waren drop agravéiert. Den iPod war gläichzäiteg mam Album „How to dismantle an Atomic Bomb“ erauskomm.
Mat hirem 15.Studioalbum „Black Ice“ goungen AC/DC haut virun 3 Joer op Plaatz 1 vun de UK Charts. A 29 weidere Länner stoung “Black Ice” och un der Spëtzt, a sollt dee beschtverkaften Album vum Joer ginn.