EMF, Eric Clapton, Birthdays - 27.10.11

Leschten Update: 24.10.2011, 15:09:20

Haut virun 20 Joer goufen an England d’Smash Hits Poll Winners Awards verginn. Als beschte britesch Grupp goufen EMF ausgezeechent. De Präis fir die schlechteste Sängerin goung un d’Kylie Minogue.

Den Eric Clapton huet haut virun 2 Joer wéinst enger Gaalesteng-Operatioun seng Participatioun um Rock n Roll Hall of Fame Concert am Madison Square Garden zu New York mussen ofsoen. Als Ersatz war den Jeff Beck agesprongen.

53 Joer aal gëtt haut de Simon LeBon, Frontmann vun Duran Duran, a 29 Joer krit haut die amerikanesch R&B Sängerin a Songwriterin Keri Hilson - happy Birthday!