
D’Janet Jackson goung haut virun 22 Joer fir 4 Wochen op Plaatz 1 vun de Billboard Charts, mat sengem Album “Rhythm Nation 1814”. Nierft „Thriller“ vun sengem Brudder Michael, a „Born in the USA“ vum Bruce Springsteen ass et deen 3.Album, aus deem 7 US Top 10 Hits ausgekoppelt goufen.
Haut viru 16 Joer hat de Coolio mat „Gangsta’s Paradise“ seng 1. Nummer 1 Single an England. D’Lidd mam Sample vum Stevie Wonder sengem 1976er Hit “Pastime Paradise” war aus dem Hollywoodfilm “Dangerous Minds”, mam Michelle Pfeiffer.
D’Leona Lewis hat haut viru 4 Joer mat “Bleeding Love” säin 1. Nummer 1 Hit an England. Die 1.Single vun der X-Factor Gewënnerin hat sech alleng méi oft verkaaft, wéi de Rescht vun der englescher Top 5 zesummen.