Boyz II Men, Cher, R.Kelly - 31.10.11

Leschten Update: 04.11.2011, 15:43:58

Boyz II Men stoungen haut viru 19 Joer mat „the End of the Road“ op Plaatz 1 vun den englesche Single Charts. De Quartett vu Philadelphia war mat 5 Nummer 1 Hits an Amerika den erfollegräichsten Act an de 90er fir de grousse Motown Label.

Haut virun 13 Joer goung d’Cher mat „Believe“ fir 7 Wochen op Plaatz 1 vun de UK Charts. Mat 52 Joer war et die 1.Kéier, dass eng Fra iwwer 50 un der Spëtzt vun den Charts stoung. D’Lidd war an 22 weidere Länner och eng Nummer 1.

Den R.Kelly ass haut viru 7 Joer vu senger Tour zesumme mam Jay-Z rausgehäit ginn. De Kelly hat den Dag virdru behaapt, hee wier vun engem Mann aus dem Jay-Z sengem Entourage mat Pefferspray attackéiert ginn. Dësen hat fir d’éischt alles ofgestridden – 2 Joer méi spéit huet ee Cousin vum Jay-Z d’Dot awer zouginn.