
De Stevie Wonder hat haut viru 26 Joer mat “Part Time Lover” seng 9.Nummer 1 Single an Amerika – an England wat d’Lidd gutt fir Plaatz 3.
De Fatman Scoop, zesumme mam Crooklyn Clan, stoung haut virun 8 Joer op Plaatz 1 vun de UK Charts, mat « Be faithful ». De New Yorker Producer, Club- a Radio-DJ hat den Hit schon 5 Joer virdrun opgeholl gehat.
54 Joer aal gëtt haut de Chris Fairbrass, dee virun allem an de 90er, zesumme mat sengem eelere Brudder Richard, grouss Succès’e gefeiert huet, als “Right Said Fred", an 32 Joer krit haut de Rapper Cornell Haynes jr, besser bekannt als Nelly.