
Den Eminem hat haut viru 9 Joer säi gréisste Solo-Succès – “lose yourself” aus dem Soundtrack zu sengem Film “8 Mile” goung fir 12 Wochen op Plaatz 1 vun de Billboard Charts. D’Lidd stoung an 23 weidere Länner och un der Spëtzt vun den Hitparaden. De Song war fir 5 Grammye nominéiert ginn, hat 1 gewonn, a war sou dat 1.Rap-Lidd, dat mat engem Grammy ausgezeechent gouf.
De Santana hat haut viru 9 Joer mat „Shaman“ säi 4.Nummer 1 Album an Amerika. Grad sou wéi um Virgänger „Supernatural“ hat de groussartege Gitarrspiller rem Tonne Prominenz an de Studio invitéiert, fir Duetter opzehuelen. Die 1.Singleauskopplung „The Game of Love“, zesumme mam Michelle Branch, war mat engem Grammy ausgezeechent ginn.
Haut viru 6 Joer goufen zu Lissabon a Portugal die 12. MTV Europe Music Awards verginn. Ugefaang huet d’Show mam Madonna, dat aus enger Riesen-Discokugel rausgeklomme war. Ennert de Gewënner ware Green Day, d’Alicia Keys, d’Black Eyed Peas a Coldplay.