Berlin, The Police, MTV Awards - 8.11.11

Leschten Update: 02.11.2011, 15:47:30

Die kalifornesch Popgrupp Berlin goung haut viru 25 Joer fir 4 Wochen op Plaatz 1 an England, mat “take my breath away”. Den Hit aus dem Hollywoodfilm “Top Gun” war och an Amerika e Spëtzenhit, a gouf spéider mat engem Golden Globe a mat engem Oscar ausgezeechnet.

Mat hirem leschten Album virun der Trennung goungen The Police haut viru 25 Joer vun 0 op 1 an England. „Every Breath you take – the Singles“ war de Best Of Police Karriär. 21 Joer méi spéit sollte Sting a Co ee vun de gréisste Comebacks vun allen Zäite feieren.

Haut virun 10 Joer goufen zu Frankfurt d’MTV Europe Music Awards verginn. Grouss Gewënner vum Owend waren de Robbie Williams an de Craig David, déi pro Nues 2 Präisser kruten. Ënnert de weidere Gewënner waren d’Gorillaz, d’Dido, d’Anastacia an den Eminem.