Rolling Stone, Prince, Blackstreet - 9.11.11

Leschten Update: 02.11.2011, 16:14:52

Haut viru 44 Joer ass deen alleréischte Rolling Stone Magazine erauskomm. Um Cover vun der Zäitschrëft, déi net nëmmen d’Musék selwer, mee och hir Alentoure beliicht, war den John Lennon. Mat dran war eng Art Halter fir Joints. De Numm fir de Magazin kënnt vum Muddy Waters Hit, der 1.Rock n Roll Opnaahm vum Bob Dylan an de Rolling Stones.

De Prince a seng New Power Generation goungen haut virun 20 Joer fir 2 Wochen op Plaatz 1 vun de Billboard Charts, mat „Cream“. De charismatesche Sänger soll d’Lidd geschriwwen hu, währenddeems e plaakeg virun engem Spigel stoung.

Blackstreet, zesumme mam Dr Dre, stoungen haut viru 15 Joer mat „No Diggity“ op Plaatz 1 an Amerika. De One Hit Wonder sollt während 4 Wochen die meeschterverkaafte Single bleiwen, a gouf spéider och mat engem Grammy präméiert.