FGTH, Mutya Buena, World Music Awards - 10.11.11

Leschten Update: 03.11.2011, 15:28:19

Nodeems se mat méi wéi enger Millioun Exemplaire schon e Rekord  u Virbestellunge opgestallt haten, hu Frankie goes to Hollywood haut viru 27 Joer hir Debut-LP “Welcome to the Pleasure Dome” lancéiert. Dee selweschten Dag haten Holly Johnson a Co hiren 1.Telé’s Optrëtt.

Haut viru 7 Joer gouf d’Ex-Sugababe Mtuya Buena vun der Police befrot, nodeems et bei engem Schéinheetsconcours zu Streidereien am Publique komm war. D’Sängerin, däer hir Schwester am Contest deelgeholl hat, soll den Ausléiser vun enger Kläpperei gewiescht sinn.

Haut virun 3 Joer gouf zu Monaco d’World Music Awards verginn. Coldplay kruten 2 Präisser, a goufen als Grupp mat den héchste Vente vum Joer ausgezeechent. Och 2 Awards iwwerrécht krut d’Leona Lewis (Bild); weider Gewënner waren d’Alicia Keys, de Lil Wayne an den Akon.