
Nummer 1 Single an England haut virun 22 Joer fir d’Lisa Stansfield. “All around the World”, der britescher Sängerin hir Debutsingle, stoung a weideren 10 Länner un der Spëtzt vun den Hitparaden.
Haut viru 7 Joer huet e gewëssent Sarah Sainsbury Coldplay ugeschriwwe fir Autogrammen ze kréihen. Dem Sarah säi Plang war et, d’Ënnerschrëfte vu sengen Idoler ze verkaafe. Mat deem Geld wollt d’Meedche een Charity Projet a senger Schoul ënnerstëtzen. Coldplay haten dem Sarah doropshin eng méi wéi 4000 Pond deier 3fach Platin Auszeechnung geschéckt.
Haut viru 7 Joer goufen die éischt Memberen an die englesch Music Hall of Fame opgeholl. Fir all Dekad sollten d’Spectateure vun enger Telé’s Chaine hire Favorit wielen. De Robbie Williams huet d‘90er representéiert, de Michael Jackson d‘80er, Queen d‘70er an d’Rolling Stones d‘60er Joeren.