
Haut viru 24 Joer goung den George Michael op Plaatz 1 vun de UK Charts, mat sengem 1.Solo-Album “Faith”. Dese sollt sech am ganze méi wéi 25 Millioune mol verkaafen, et ware 6 Top 5 Singlen drop, e gouf mam Grammy fir den Album vum Joer ausgezeechent, an ass ee vun de wéinege mam Diamant-Status.
Nei Nummer 1 Single haut viru 24 Joer an England fir T’Pau – „China in your Hand“ – der Sängerin Carole Decker no beschreiwt den Tittel vum Lidd den Effekt deen ee krit, wann een eng Parzelläins Taass an d’Liicht hält, an een da seng Hand derduerch ka gesinn.
De Robbie Williams hat haut virun 12 Joer seng 2.Nummer 1 Single an England. “she’s the One” ass am Original vun der Band World Party, gouf mat Gold a mat 2 Brit Awards ausgezeechent.