John Belushi, R.E.M., Corinne Bailey Rae - 5.3.12

Leschten Update: 27.02.2012, 16:05:56

R.E.M.

Den Acteur a Museker John Belushi ass haut virun 30 Joer un enger Iwwerdosis Droge gestuerwen. Dem James Belushi säin eelere Brudder huet zur Originalbesetzung vun der Kultcomedyshow “Saturday Night Live” gehéiert, an ass als Joliet Jake, dee klengen Décke vun de Blues Brothers, weltberühmt ginn.

 

R.E.M. hunn haut virun 20 Joer bei de Rolling Stone Music Awards alles ofgeraumt. “Out of Time” krut de Präiss fir den Album vum Joer, sie waren Artist a Grupp vum Joer, haten de beschte Songwriting an de beschte Gitarrist, an d’Single „Losing my Religion“ war die beschte Joer, an hat och de beschte Video.

 

D’Corinne Bailey Rae ass haut viru 6 Joer op Plaz 1 vun den engleschen Album Charts erageklommen. An der ronn 50 Joer aaler Geschicht vum Klassement war d’Englännerin réischt die 4.Sängerin, däer dat mat hirem Debutalbum gelonge war.