Dead or Alive, The Clash, Notorious BIG - 9.3.12

Leschten Update: 07.03.2012, 16:04:39

Notorious BIG

Dead or Alive stoungen haut viru 27 Joer op Plaz 1 an England mat „You spin me round“. Et war die éischte Spëtzeplatzéierung fir dat legendäert Produktiounsteam Stock, Aitken a Waterman, déi duerno méi wéi 100 Top 40 Hits produzéiere sollten.

 

The Clash haten haut virun 21 Joer hiren eenzege Nummer 1 Hit an England – dank enger Jeansreklamm. „Should I stay or should I go“, die 1.Kéier 1982 rauskomm, war fir en Telé’s Spot benotzt ginn.

 

Am Rapper-Krisch tescht East- a West Coast ass de Notorious BIG haut viru 15 Joer vun engem Onbekannten erschoss ginn. De 24 Joer aale BIG hat zu Los Angeles grad eng Party verlooss. MTV féiert en op Plaz 3 vun de beschte Rapper vun allen Zäiten.