
Jon Bon Jovi
Den Jon Bon Jovi, de Richie Sambora an den Alec John Such hunn haut viru 29 Joer d’Rockband Bon Jovi gegrëndt. Si hu bis lo 15 Albumme rausbruecht, weltwäit gudd 130 Millioune Placke verkaft, a méi wéi 2600 Concerte gespillt.
De Will Smith goung haut viru 14 Joer fir 3 Wochen op Plaz 1 vun de Billboard Charts, mat “Gettin’ jiggy with it”. Et war die 3.Singleauskopplung aus sengem Debut-Soloalbum “Big Willie Style”. D’Lidd war spéider souguer mat engem Grammy ausgezeechent ginn.
De Rolling Stone Magazine huet haut viru 6 Joer seng alljährlech Lëscht presentéiert mat deene Gruppen a Musiker, déi d’Joer virdrun am meeschte verdéngt haten. 2005 virop ware U2 mat 154 Milliounen Dollar, virun de Rolling Stones mat 92 Milliounen an den Eagles mat gutt 63 Milliounen Dollar.