R.E.M., Jack Johnson, Estelle - 23.3.12

Leschten Update: 14.05.2012, 08:19:32

R.E.M.

Mat hirem 7.Studioalbum “Out of Time” hunn R.E.M. haut virun 21 Joer fir di 1.Kéier d’Spëtzt vun den engleschen Albumcharts errécht. Di erfollegräichste Singleauskopplunge ware “Shiny happy people” a “Losing my religion”, dat mat 2 Grammyen a 6 MTV Awards ausgezeechent gi war.

 

“Sleep through the static” vum Jack Johnson goung haut viru 4 Joer fir 3 Wochen op Plaz 1 vun de Billboard Charts. A 5 weidere Länner stoung dem Ex-Surfer säi 4.Studioalbum och un der Spëtzt vun den Hitparaden – „If I had eyes“ war di 1.Singleauskopplung.

 

D’Single „American Boy“ vun der britescher Soulsängerin Estelle goung haut viru 4 Joer fir 4 Wochen op Plaz 1 vun den englesche Single Charts. D’Zesummenarbecht mam Kanye West sollt spéider mam Grammy fir di beschte „Rap Collaboration“ präméiert ginn.