
Keith Richards
Mat “Nothin’s gonna stop us now” gounge Starship haut viru 25 Joer fir zwou Wochen op Plaz 1 vun de Billboard Charts. Et war hiren 3.Spëtzenhit an Amerika. D’Band, déi fréiher Jefferson Airplane an Jefferson Starship geheescht hat, konnt mat deem Lidd seng eenzeg Nummer 1 an England landen.
De Rolling Stones Gitarrist Keith Richards huet haut viru 5 Joer dementéiert, heen hätt d’Äsche vu sengem verstuerwene Papp an engem Joint gefëmmt. Laut Management hat de Richards dem Reporter, deen ën interviewt huet, einfach eng opgehaang.
Eng schwedesch Koppel hat haut viru 5 Joer Problemer krit, well se hir Duechter op de Numm „Metallica“ gedeeft haten. Vun offizieller Säit hat et geheescht, dee Numm wier „net ubruecht“. Dem schwedesche Gesetz no musse Virnimm fir Kanner vun uëwen approuvéiert ginn, éiert een se benotzen dierf.