
Mariah Carey
Den R.Kelly goung haut viru 15 Joer fir 3 Wochen op Plaz 1 an England, mat „I believe I can fly“. Dem kanadesche Sänger säi gréissten Hit war mat 3 Grammyen ausgezeechent, an duerch de Film „SpaceJam“ weltberühmt ginn.
Dem Mariah Carey säin Album „The Emancipation of Mimi“ goung haut viru 7 Joer vu 0 op 1 an de Billboard Charts. Mat 6fach Platin a ronn 5 Millioune verkaften Exemplaire war et den erfollegräichsten Album vum Joer an Amerika. E war fir 10 Grammye nominéiert, a konnt der 3 gewannen.
Den Herbie Hancock huet haut Gebuertsdag – den amerikanesche Komponist a Keyboarder krit haut 72
An de Bryan McFadden, fréihere Member vu Westlife, gëtt haut 32 Joer aal