FGTH, Londonbeat, Madonna ft. Justin T. - 13.4.12

Leschten Update: 06.04.2012, 15:56:54

Madonna & Justin Timberlake

Frankie goes to Hollywood hunn haut viru 27 Joer een Chartsrekord verpasst. Mat der 4.Singleauskopplung aus hirem Debutalbum „Welcome to the Pleasuredome“ si si vun 0 op 2 an d’UK Charts rageklomm. Di 3 éischt Singlen “Relax”, “Two Tribes” an “The Power of Love” ware Spëtzenhits. Die 4.Nummer 1 “Welcome to the Pleasuredome” sollt un “Easy Lover” vum Phil Collins scheiteren.

 

Den Dance-Projet Londonbeat goung haut virun 21 Joer op Plaz 1 an Amerika, mat “I’ve been thinking about you”. An England war d’Lidd gutt fir Plaz 2 – et sollt hiren eenzege groussen Hit bleiwen.

 

Mat „4 Minutes“ goungen d’Madonna an den Justin Timberlake haut viru 4 Joer fir 4 Wochen op Plaz 1 an England. Et war die éischte Single-auskopplung aus dem Madonna sengem Album „Hard Candy“.