Prince, KISS, Birthdays - 16.4.12

Leschten Update: 10.04.2012, 16:13:07

Mat senger 37.Single hat de Prince haut virun 18 Joer enfin seng éischte Nummer 1 an England. “The most beautiful Girl in the World” sollt och bis haut säin eenzege UK-Spëtzenhit als Sänger bleiwen.

 

KISS sinn haut viru 16 Joer a vollem Make-Up bei der Grammy-Verleihung opgetaucht. D’Glamrocker, déi 15 Joer laang net méi zesummen opgetruede waren, haten d’Bühn genotzt, fir eng Reunion Tour unzekënnegen.

 

D‘Dusty Springfield wiër haut 73 Joer aal ginn – 1993 war di englesch Sängerin gestuerwen. De Gerry Rafferty hätt haut 65 Joer krit – den Englänner ass virun engem gudde Joer verstuerwen; an d’Gabrielle feiert haut seng 42 Joer.