
Black Eyed Peas© AFP
Rekord fir d’Aretha Franklin – 20 Joer nodeems d’Queen of Soul mat „Respect“ op Plaz 1 an Amerika stoung, ass hir dat haut viru 25 Joer rem gelongen. „I knew you were waiting“, am Duett mam George Michael, war och an England gutt fir Plaz 1.
Eng Zeil aus dem U2 Hit “One” ass haut viru 6 Joer um Musiksender VH1 zur beschten Textzeil iwwerhaapt gewielt ginn. „One life, with each other, sisters, brothers“ war de Favorit vun 13.000 Leit, déi ofgestëmmt haten. Op Plaz 3 koum “I feel stupid and contagious, here we are now, entertain us” aus dem Nirvana Hit “Smells like teen spirit”.
D’Black Eyed Peas sinn haut virun 3 Joer op Plaz 1 vun de Billboard Charts gaang, mat “Boom Boom Pow”. No 12 Wochen un der Spëtzt hu si sech selwer mat “I gotta Feeling” vun der 1 verdrängt.