
Robbie Williams© AFP
Mat „A Different Corner“ goung den George Michael haut viru 26 Joer op Plaz 1 an England. No „Careless Whisper“ war dat dem Frontmann vu Wham säin 2.Spëtzenhit. De Michael war domat den 1.Soloartist, deem seng zwou éischt Singlen op Plaz 1 goungen.
„Kiss“ vum Prince goung haut viru 26 Joer fir zwou Wochen op Plaz 1 an Amerika. Hee stoung och op Plaz 2, mat „Manic Monday“ vun de Bangles, dat de Prince ënnert dem Pseudonym « Christopher » geschriwwen hat.
„Life thru a Lens“, dem Robbie Williams säin Debutalbum, goung haut viru 14 Joer fir zwou Wochen op Plaz 1 vun de UK Charts. Den Album sollt 218 Woche laang klasséiert bleiwen, a sech 2.4 Millioune mol verkaafen.