Louis Armstrong, Downloads, Beyoncé - 24.4.12

Music Facts vum Dag

Leschten Update: 18.04.2012, 15:58:26

Christina Aguilera

De Louis Armstrong stoung haut viru 44 Joer op Plaz 1 an England mat “What a wonderful World”. Mat 69 Joer war den Trompettist deen eelsten Artist, deen an England eng Nummer 1 hat.

 

Haut viru 9 Joer sinn an England déi éischten Downloadcharts publizéiert ginn, nodeems déi 5 gréisste Plackefirme sech op een „Digital Download Day“ verstännegt haten. Vun 150.000 Computere waren 1.1 Millioune Lidder rofgelueden ginn – Nummer 1 war „Beautiful“ vum Christina Aguilera.

 

„Beautiful Liar“ vum Beyoncé Knowles, zesumme mam Shakira, stoung haut viru 5 Joer op Plaz 1 an England. An Amerika war d’Lidd no enger Woch vun der der 94. op di 3.Plaz geklomm – dat war de gréisste Sprong an der Geschicht vun de Billboard Charts.