Blondie, Shaggy, Aerosmith - 26.4.12

Leschten Update: 20.04.2012, 16:03:28

Shaggy

Blondie stoungen haut virun 32 Joer op Plaz 1 an England, mat “Call me”. D’Lidd aus dem Richard Gere Film “American Gigolo” war och e Spëtzenhit an Amerika, wou et hir meeschtverkafte Single sollt ginn.

 

Haut virun 12 Joer stoungen Destiny’s Child op Plaz 1an England, mat „Survivor“. Dee Moment an Amerika virop an den Charts war „All for you“ vum Janet Jackson – an Australien stoung de Shaggy un der Spëtzt, mat „It wasn’t me“.

 

Aerosmith hunn haut virun 3 Joer e Gratis-Concert op Hawaii ginn. Si ware verkloot gi vun Fans, déi 2 Joer virdrun op ee vun hire Concerte wollte goen. D’Band hat deen deemols ofgesot wéinst engem gréisseren Optrëtt zu Boston.