
Sting
Mat “Beat it” goung de Michael Jackson haut viru 29 Joer fir 3 Wochen op Plaz 1 an Amerika. Et war dem „King of Pop“ säi 5.Spëtzenhit an de Billboard Charts – d’Lidd war mat 2 Grammyen ausgezeechent. De markante Gitarrsolo gëtt vum Eddie Van Halen gespillt.
De Sting hat haut virun 11 Joer e Fligeraccident. Bei der Landung zu Florenz war di kleng Maschinn vun der Landebunn ofkomm – wahrscheinlech wéinst Problemer un de Bremsen. Kengem vun de 4 Leit u Bord war awer e Leed geschitt.
De Phil Collins huet haut viru 27 Joer seng Single „Sussudio“ rausbruecht. Kritiker soten, d’Lidd géng wéi « 1999 » vum Prince kléngen. De Collins huet ameséiert drop réagéiert a sot « ech sinn e grousse Fan vum Prince, a mat menger Versioun vu Sussudio kléngen ech nach vill méi no Prince wéi hee selwer ».