Robert Palmer, Michael Jackson, James Brown - 3.5.12

Leschten Update: 27.04.2012, 15:52:59

„Addicted to Love“ vum Robert Palmer goung haut viru 26 Joer op Plaz 1 an Amerika. D’Lidd war ursprünglech am Duett mam Chaka Khan opgeholl ginn, mee no kontraktleche Problemer war der Sängerin hir Stëmm ërausgeschnidde ginn.

 

7.Nummer 1 Hit an England fir de Michael Jackson haut viru 15 Joer – „Blood on the Dance Floor“ goung op Plaz 1 vun de UK Charts. An Amerika war d’Lidd just gutt fir Plaz 47.

 

Den James Brown hätt haut 79 Joer kritt. De „Godfather of Soul“ gëllt als Mat-Inventeur vum Funk, an ass deen Artist, deen di meeschte Singlen an de Billboard Charts hat, ouni jeemols op Plaz 1 ze stoen. De Brown ass op Chrëschtdag 2006 gestuerwen.